Eise pädagogeschen Bauerenhaff
Wat léiers du bei eis um Haff?
Bei eis um Haff kriss du natierlech eis modern Landwirtschaft méi no bruecht. Du kanns eisem Roboter nokucken, wann hien eis Kéi sträicht. Du gesäiss, wéi eis Liewensmëttel hiergestallt ginn (Méilech, Fleesch, Brout, Geméis, Uebst,....). Du kanns selwer mat upaken, beim Fidderen, beim Mëschten, beim Gruewen, beim Planzen, beim Recoltéieren... Learning by doing ass eent vun eise Leitmotiver. Et kann een all dës Saachen och um Fernseh kucken oder an engem Buch liesen, mee wann ee selwer, mat alle Sënner, kann erliewen, entdecken, schaffen, da verhält een dat besser.
Bei eis um Haff gëtt de verantwortungs- a respektvollen Emgang mat Mënsch, Déier a Planz valoriséiert. D’Landwirtschaft ass ee “Geben und Nehmen” zwëschen dem Mënsch an der Natur (Planzen an Déieren). Duerch dat aktiivt Matschaffen, léiers du wéi wäertvoll all Hëllef um Haff ass an däi Selbstvertraue gëtt gestäerkt an d’Selbststännegkeet gëtt ënnerstëtzt. Mir ënnerstëtzen d’Entwécklung vun der Fantasie an der Kreativitéit an der Natur a mat Naturmaterialen:
Land-Art.
Wien hëlleft eis?
Op eisem Bauerenhaff fënns du fir d’éischt emol ee ganzen Trapp Méilechkéi, meng Mausen. Si stellen den Haaptdeel vun eisem Bauerenhaff duer a liwweren eis all Dag hir gutt frësch Méilech déi eise Roboter sträicht. Du gesäiss, dass mir ee ganz moderne Betrib sinn. Natierlech gehéieren eis Kälwercher a Ranner och zu eisem Méilechbetrib. Sie freeën sech besonnesch wann si e bëssi geheemelt ginn a wann een hinne schéi schwätzt. Dann hu mir och nach en etlech Maschtstéieren. Eise Grupp Schof fannt dir d’ganzt Joer iwwer op eise Wisen an am Fréijoer kanns du eis kleng Lämmercher beim Spille bewonneren. Eis verfroosse Geesse si frou iwwert all Visite, zemools wanns du e bëssi Brout an der Täsch hues.
Eis Lamaen, mat hirer roueger an ausgeglachener Art, ënnerstëtzen eis wonnerbar bei eisen Therapiestonnen.
E puer Kazen, Hinger, Schwäin, ... vervollstännegen eist grousst Team, wat dech op eisem Haff erwaart.
Wéini kommt dir bei eis ob den Haff?
- Heck’n School
- Heck’n Therapy
- Heck’n Birthday
- Heck’n Studios