Eise pädagogeschen Bauerenhaff
An elo gi mer d’Wuert un eis kleng “Gäscht”:
Lou 11 Joer
Wwch fannen et flott um Haff, well ech ka meng Zäit mat de Lamae verbréngen an ech kann d´Kälwercher an d´Geessen heemelen
Luca, 8 Joer
Am flottsten war fir mech wéi mir bei de Geessen waren. Mir hu se däerfe mat Brout fidderen an hu se däerfen heemelen.
Mara, 10 Joer
Et war alles cool, awer am Beschten huet mir d’Afänken an d’Spazéieren mat de Lamae gefall
Liz, 13 Joer
Ech kann hei vill nei Erfahrunge sammelen iwwer Saachen déi ech nit all Dag erliewen.
Mir freeën eis op däi Besuch !