Eise pädagogeschen Bauerenhaff
Heck’n Therapy
D’Déieren hunn ee positiven Effekt op de Mënsch a speziell op d’Kanner. D'Déiere begéinen de Mënschen ouni Viruerteeler a Kritik, wat hëllefe kann Ängschten, virun allem am soziale Beräich, an och Drock, wéi z.B. Leeschtungsdrock, afzebauen. Dëst ka wesentlech dozou bäidroen, datt déi Leit, Erwuessener grad sou wéi Kanner, déi mat eise Lamae “schaffen”, méi disponibel sinn, fir déi gesaten Ziler ze erreechen.
An der déieregestützten Therapie ginn och eis mënschlech Kompetenzen gestäerkt:
- Selbstwäertgefill a Selbstvertrauen
- Sozial Kompetenzen (Gedold, Respekt, Ausdauer, Verantwortung ,…)
- Rou
- Motorik (Grobmotorik, Feinmotorik)
- Konzentratioun
D’Lamae sinn zwar virwëtzeg Déiere mee de Mënsche géigeniwwer sinn se zimlech distant. Dës Eegeschaft mécht eis Lamaen sou wäertvoll fir déieregestützt Therapie.
Eis therapeutesch a pädagogesch Interventioune riichten sech haaptsächlech un:
- verhalensopfälleg Kanner a Jugendlecher
- Kanner déi Onsécherheeten oder Retarden an hirer Entwécklung opweisen oder Konzentratiounsproblemer hunn
- Mënsche mat Behënnerung
- Senioren
Zesumme mat den Elteren, mam Léierpersonal, mat de Betreier, stelle mir een Ënnerstëtzungsplang op, wou mir ganz individuell Ziler festleeën. Dës Ziler ginn da während den Interventioune mat de Lamae berücksichtegt a beaarbecht.
Ausserdeem bidde mir déieregestützten Aktivitéiten un. Eis Lamae begleeden eis op gemittlechen oder spannenden, abenteuerlechen Trekkingtouren duerch de Bësch an der Géigend vun eisem Haff.