Eise pädagogeschen Bauerenhaff
Heck’n Studios
Mir organiséiere reegelméisseg Atelieren wou d’Kanner während e puer Stonnen op eisem Haff Villes erliewen a léieren. Dës Aktivitéite si saisonal verschidden, ugepasst un d’Joereszäiten, u kulturell Fester oder einfach nëmmen aus Loscht um Thema. Wéini mir zu wat fir engem Thema sou en Atelier organiséieren, gitt dir iwwert eisen Agenda gewuer, an do kënnt dir iech dann och aschreiwen. Déi éischt si vir!
Dir kënnt iech awer och als Grupp (op jonk oder manner jonk), als Famill, als Frënn, als Veräin, ... bei eis melden, a mir organiséieren zesummen eng Aktivitéit zu engem Thema wat dir bestëmmt. Mir sinn op fir all flott Iddi an mir si flexibel an der Ausféierung.