Heck’n School


Dir kënnt als Schoulklass eng Visite vum Haff maachen. Et gëtt ganz vill Themaen, déi dir mat eis kënnt erliewen an erschaffen. Dir kënnt eis Déiere kenneléieren, si heemelen, hëllefe beim Fidderen a beim Mëschten, .... An eisem Gaart entdeckt dir vill verschidde Geméiszorten a Kraider déi mir séinen, düngen, nätzen, Onkraut rappen, recoltéieren an natierlech ...iessen. Op eise Wisen a Felder kucke mir zesumme wéi de Bauer schafft fir Liewensmëttel fir seng Déieren hierzestellen awer och fir Liewensmëttel fir eis Mënschen ze produzéieren (Weess, Mais, Kroumperen, ...).

Mir hunn déi grouss Chance dass eisen Haff direkt un der Äisch läit an duerfir kënne mir do d’Fauna an d’Flora vun eisem Floss ënnersichen oder einfach nëmmen do sëtzen an dat berouegend Geräich vum Waasser nolauschteren. Dann hu mir awer och de Bësch direkt op der Hausdier, deen eis eng Onmass u Planzen an Déiere méi no bréngt.


Dir kënnt een hallwen oder ee ganzen Dag bei eis verbréngen.

D’Mëttegiessen kënne mir zesumme preparéiren, mir kënnen et liwwere loossen oder dir bréngt iere Picknick mat.